Flag Counter 

Flag Counter 

 
Auslännerdivisioun

De Walter Oliveira Pereira ass den Beoptrachten vun eiser parteiinterner Auslännerdivisioun bei Kontaktbedarf kënnt dir eng E-Mail schecken (walter_valdan@hotmail.com)

Hai ee puer Wierder zur Auslännerdivisioun:

Wei der sécher wësst, poche mir vun der Vox Populi besonnesch op den Erhalt vun der Sprooch Lëtzebuergesch, a wëllen se an alle Liewensberäicher zur dominanter Sprooch maachen.

Eist Ziel ass e Lëtzebuerg an deem der an der Stad als éischte Reflex Lëtzebuergesch kënnt schwätzen wann der an ee Buttek gitt.
Daat stéisst natierlech ville vun eisen auslännege Matbieger, déi hei mat eis zesumme liewen a schaffen, sauer op. Schliisslech bedéit daat fir sie zousätzlech Arbecht. Eng Sprooch léiert ee net vun haut op muer.

De Grondsaaz vun der Vox Populi ass deen: dass d'Recht vun der lëtzebuergeschsproocheger Bevölkerung, an hirem Heemechtsland hier Mammesprooch ze schwätzen, méi schwéier weit, wéi d'Recht vun allen anere Mënschen op der Welt, sech an dësem Land sou schnell wei méiglech perfekt verstännegen an erëmfannen zu kënnen. Wa mir Lëtzebuerger a Schweden oder a China plënneren, hu mer um Ufang och mat Problemer zu kämpfen, a musse struewelen fir mat der neier Situatioun eenz zu ginn. Dat ass ganz normal wann een an en anert Land plënnert.
Lëtzebuerg ass keng Parallelwelt an däer dee Prinzip (deen een vun den Normalste vun der Welt ass) nët zielt. Eis Sprooch ass eist Recht. Och wann ët „nëmmen“ ee muselfränkeschen Dialekt“ ass. (Dat Argument, datt am zweete Weltkrich oft gefall ass, gëtt haut nach iwerraschenderweis dacks benotzt.)
Aus dësem Grond hu mir an eiser Partei eng Auslännerdivisioun.
Mir hu lang iwwert de Numm diskutéiert, well mir net richteg zufridden domadder woren. Een Auslänner ass ee Mënsch dee net am Land wunnt. Mä mat dëser Divisioun riichte mir eis explizit u Mënschen déi an dësem Land wunnen, awer aus engem aanere Land stamen. U Mënschen déi et ob sëch geholl hunn den Effort ze maachen, enges Dages zum Lëtzebuerger zu
ginn. Dëse Mënschen gëllt eisen onageschränktene Respekt, an dofir si mir frou si an eiser Partei begréissen zu dierfen, well ët kaum Mënsche ginn, déi hir Léift zu dësem Land méi ënner Beweis gestallt hunn.

A natierléch als Autoritéit fir all déi aner Leit an dësem Land, déi am Kapp nach ëmmer an enger anerer Kultur liewen. Fir hinnen ze weisen datt ët och aneschters geet, datt näischt Onméigleches vun hinne verlangt gëtt.
Wann der Froen zur Auslännerdivisioun hudd, Ureegungen oder Kritik, da mellt äersch beim Walter Oliveira Pereira, eisen Beoptrachten fir d'Auslännerdivisioun.

 

Dir wëllt Member ginn? Schéckt eis 5€ (Student), 8€ (Erwuessenen), bzw. 10€ (Koppel) op folgend Kontosnummer:

CCPL IBAN LU90 1111 7012 0589 0000

Fir ee Don zu maache braucht dir just 'Don' bei 'Communication' zu schreiwen.

Flag Counter 

 
 
>