Flag Counter

Flag Counter

 
EU – eng Utopie oder awer net?, vum Anton Safronov (aka Panic)

EU, zwee Buschtawen déi Europa déi lescht 20 Joer geprägt hunn. Enstannen mat der Idee fir eng Freihandelszone an Europa an duerno och fir de Fridden ze preservéieren, kléngt dëse Projet jo ganz humanitär an ganz virdeelhaft fir déi Staaten an sou enger Union. D'Europäesch Union krut dofir d'Aufgab d'Souveränitéit vun de verschiddene Membersstaaten vun der EU net nëmmen ze garantéieren, mä och ze beschützen. Wann een esou iwwer d'EU schwätzt (wei hautzudags ''Mainstream'' Medien och machen), kléngt dat wéi eng harmonesch an friedlech Utopie...

Kucken mir lo awer d'Joer 2013 mol un, wei an eiser EU ausgeseit:

  • Kreatioun vun ekonomesch Problemer:

→  héiche Chômage an der ganzer EU, virun allem déi südlech Länner (Griecheland:                  30%)
→ virun allem Jugendchômage
→ Inflatioun (Präiser, Steieren gi méi héich, Salairë méi nidereg)
→ den Euro zerstéiert d'Ekonomien vun de Südstaaten
→ de Rettungsschirm ass een totalen Verloscht fir all Land an der EU (Beispill: Däitschland                 muss bezuelen, an Grichenland profitéiert net dovun)

  • Kreatioun vun sozial Problemer:

→ den Ofstand tëschen räich an arm hëlt zou
→ Spannungen tëschen de südlechen an den nördleche Länner
→ Demonstratiounen an Onrouhen + grouss Policeasätz (kaschten och alt nees)
→ all déi sozial Problemer enstinn duerch déi ekonomesch Problemer

Anscheinend ass d'EU awer net déi Utopie wéi mir ëmmer mengen. Et kann jo och sinn datt d'EU eppes dogéint ënnerhëlt, mä nee, et ass méi wichteg Saachen ze reguléieren wéi kromm eng Gurk daerf sinn, dat Restaurants keen Olivenuelech an Glasfläsche servéieren daerfen, wat a wéi vill een am Gard ubauen daerf etc. Erem kennen mir jo denken, wann d'EU näischt ennerhelt, befaasse sech villäicht déi verschidden national Regéierungen méi aktiv domat. Leider muss ech och op dëser Plaz ee groussen NEE dozou soen well déi meecht Regéierungen sech mat anere Saache befaassen (Konflikter) an hir ganz Aussenpolitik an virun allem Fiskalpolitik ënnert der Kontroll vun der EU sinn (Beispill: ESM-Mechanismus). De grousse Witz ass net nëmmen datt d'Membersstaaten hier Onofhängegkeet un der EU verléieren mä och datt d'EU selwer sech vun den USA lenke léisst. Passend Beweiser sinn d'Aussoen vum Edward Snowden an den Inzident mam bolivianischen Präsident.
Et kann ee natierlech nach vill aner Grënn an Beispieler soen, mä déi wäerte Saiten fëllen.
Ech well iech an virun allem eis Regéierung op d'Realitéit opmierksam machen a weisen datt dee Wee déi eis Regéierung an d'EU aschloen zu enger Diktatur féieren, wann mir dëse Stadium schon net erreecht hunn.

Gut und Böse, vum Dany Sobral

 

Das Thema 'Gut' und 'Böse' wurde schon tausendmal durchgekaut, dennoch bleibt es immer wieder etwas sehr Aktuelles. Schon von Kleinem an sieht man wie das 'Gute' das 'Böse' schlägt, man ist also gezwungen, ob man es möchte oder nicht, sich mit diesem Konflikt auseinandersetzen. Das 'Gute' ist das wonach jeder streben möchte, denn das 'Böse' ist ja schlecht. Man wird sich aber in unserer Epoche nicht gänzlich bewusst, dass es bei dieser Thematik keine Schwarz-Weiß-Malerei gibt! Was für den Einen 'Böse' ist, ist für den Anderen 'Gut'. Es bleibt also eine individuelle Entscheidung was nun 'Gut' und 'Böse' ist. Es ist also reine Ansichtssache.


Weiterhin darf es auch kein einziges Gebot geben welches uns 'Gut' und 'Böse' vordiktieren, denn sonst muss man sich ernsthaft die Frage stellen ob es noch so etwas wie Meinungsfreiheit und Redefreiheit gibt? Viele Religionen und Ideologien sind KLÄGLICH DARAN GESCHEITERT uns Diktate vorzulegen welche besagen wer/was gut und wer/was böse ist. Falls Staaten den Menschen 'Gut' und 'Böse' vordiktieren möchten sind Konflikte schon vorprogrammiert. Bei Individuen wäre es noch nicht von großer Tragweite, doch bei Staaten endet es in Krieg, Armut und Verelendung, um es noch deutlicher auszudrücken: Weltkriege, Kreuzzüge, Jihad, und wie sie noch alle heißen mögen.
Nur ein NARR wäre der Meinung, dass es eine klare Trennung zwischen Gut und Böse gibt. Der Leichtgläubige würde somit ALLES schlucken was man ihm, in den Medien, in Geschichten ja sogar in Legenden erzählt. Um überhaupt zu einem kritischen Geist heranzuwachsen, muss man zur Erkenntnis gelangen, dass Gut und Böse ineinander verschwommen sind, sie können sogar ineinander aufgehen. Jeder hat gute und schlechte Charakterzüge. Ein netter Mitbürger kann geizig sein. Ein anderes, aber krasseres Beispiel, wäre ein menschenverachtende Mörder der die Natur liebt.
Man sollte sich aber die Frage stellen, warum einige Menschen so mit Sturm und Drang daran interessiert sind etwas als böse zu bezeichnen und etwas anderes als gut zu bestimmen. Meistens stecken persönliche Interessen und Profit dahinter. Leichtgläubige Armleuchter werden wegen ihrer Dummheit ausgebeutet.


Kritische Menschen sind aber durchaus in der Lage dieses schlichte, dennoch sehr einflussreiche Spiel zu durchschauen. Sie wissen auch, dass Ziele oder Ideen, welche als böse abgestempelt werden, trotzdem irgendwie nobel erscheinen können, also somit was Gutes in sich haben. Sogar Goethes Mephistopheles in Faust hat einige positive Charakterzüge. Schauen wir uns die westlichen Medien mal an. Russland wird sehr oft als böser Staat portraitiert. Natürlich ist Russland kein Paradies auf Erden, aber man sollte sich nicht durch die Schwarz-Weiß-Malerei verblenden lassen, denn die USA sind nicht besser! Sie 'exportieren' die Demokratie, doch sind sie dann die Guten, wenn sie eine noble Idee besitzen, diese dennoch mit Waffengewalt durchzusetzen vermögen und über Leichen gehen? Schauen wir uns mal eine andere Perspektive an, die 'Normalisierung' wurde zum Beispiel 1968 in der Tschechoslowakei durchgeführt, weil die Reformen konterrevolutionär, also böse waren! Moskautreue Kommunisten waren also 'gut'. Im Syrien-Konflikt wird Assad als 'böser, machtgieriger Diktator' dargestellt, doch wenn man sich sein Interview bei Russia Today anhört, bestätigt er selbst, dass er an Frieden interessiert ist. Wie aber ist dies mit dem Hauptziel der 'Rebellen' zu vereinbaren? Die 'Rebellen' wollen Assad komplett stürzen und in den eigenen Reihen finden sich Jihadisten vor! Jihadisten haben schon allzu oft in der Vergangenheit das Gut-Böse-Spiel betrieben und Millionen auf ihr Gewissen. Die Manipulatoren unterstützen andere Manipulatoren!  Katar und Saudi-Arabien werden nur Profit daraus ziehen, 'gute Staaten', Alliierte, Handelspartner, so werden sie in unseren Medien und von den Systempolitiker und deren Blockparteien beschrieben. Bei Katar und Saudi-Arabien handelt es sich um Staaten die totalitärere Strukturen als Syrien besitzen! Auf Wikipedia findet man unter anderem: 'Der alleinregierende Monarch hat nach Artikel 12 die Pflicht, die Einheit der Nation zu erstreben, Zwietracht, Aufruhr und Spaltung dagegen fernzuhalten: Er kann damit in die Legislative und Exekutive eingreifen.' Katar ist nicht unbedingt besser!


Die Gegenüberstellung von Gut und Böse ist die größte Lüge seit dem Beginn der Menschheit; eine Lüge die manchmal umgeändert und umgedreht wird, der Kern ist und bleibt der gleiche! Ob man jetzt im Kommunismus, im Faschismus, in unseren Demokratien, in Monarchien ist, spielt keine Rolle.
Ein einfaches Beispiel wäre das Thema der Sicherheit. Der Staat, gelenkt durch eine treibende Ideologie/Religion, definiert einen Gegner, unter Nazi-Deutschland waren es Judah und Bolschewik, unter der Sowjetunion Konterrevolutionäre und Tito-Anhänger, heute sind es Terroristen, in Monarchien waren es Revolutionäre, früher im Mittelalter waren es Ketzer und Hexen. All diese Gegner wurden als Gefahr dorthin gestellt und man entzog oder limitierte die Rechte der Bevölkerung, wie Redefreiheit, Meinungsfreiheit, Pressefreiheit... Gelegentlich inszenierte man Terroranschläge wie den Brand des Reichstages, die Terroranschläge in Italien, wo der italienische Geheimdienst mit verwickelt war oder man beschuldigte unschuldige Menschen als Hexen oder Magier. Jene Lügner haben also Millionen, wenn nicht sogar Milliarden Menschenleben in den Tod hineingepeitscht! Das Böse wird also erschaffen um somit einen Profit aus dem Chaos zu entziehen und um das einfache Volk für dumm zu verkaufen. Die Manipulatoren scheuen nicht davor über Leichen zu gehen! Das Böse wird artifiziell konstruiert und die wirklich-bösen Menschen werden nie zur Rechenschaft gezogen, sie wagen es noch sich als gut darzustellen. Paradoxer könnte dieses Spiel nicht sein, mit der einzigen Ausnahme, dass dies kein Spiel ist; es ist die BITTERE REALITÄT!

Generatiounevertrag oder Generatiouneverrod?, vum Dany Sobral

An eiser Politik do schwätze vill Parteien vu Nohaltegkeet, vun der  Förderung vun der Jugend a vun engem  Generatiounevertrag, och d'Gewerkschaften  hai am Land benotzen  ziemlech dacks déi selwecht Parolen, ob se  ët eescht mengen oder net, dozou wëll ech mech elo net äusseren.
Ët soll een awer feststellen datt d' Grondbedéngunge vun der Jugend net grad déi Allerbeschte sinn. Schwätze mir mol just vun de Milliounen u Staatsscholden déi Lëtzebuerg mëttlerweil huet a wou d'Leit just léif nokucken awer net wierklech aktiv ginn. Ech wënsche mir vun der nächster  Regéierung als aller éischt mol ee Budget am Equiliber an ee Plang wéi mir op kuerzer a laanger Dauer eis Staatsscholden komplett lassginn. Wann ech elo awer realistesch bleiwen, sinn ech mir méi wéi sécher datt sou ee Plang nimools zu  Stan komme wäert, dat ass och ee vu ville Grënn firwat ech an der 'Vox  Populi - d'Fräiheetspartei' aktiv sinn. Mir hunn also kee Plang bis ewell, wéi mir déi Milliounen u Scholde lass kënne ginn an de Staat gëtt weiderhin d'Geld sou aus fir zimlech opwänneg Saachen. Wou bleift do nach d'Solidaritéit fir déi kommend Generatiounen?

Eng aner Saach déi een als jonke Mënsch net ignoréiere kann ass d'Evolutioun vum Aarbechtsmaart. Et stellt ee  niichtern fest datt d'Aarbechtslosegkeet am Groussherzogtum nëmme nach an d'Luucht explodéiert ass. D'Bildung, d' Verhalensweis an déi perséinlech Astellung spille natierlech eng grouss Roll, trotzdem sollt eng  Regéierung sech eng progressiv Wirtschaft als eng vun deenen héchste Prioritéite setzen. Ouni  funktiounsfäheg Wirtschaft kann ee weiderhin Suen a sougenannte 'Projekter' géint d'Aarbechtslosegkeet ausginn, mä d'Resultat wäert zimlech gouereg sinn. Als jonk Generatioun si mir an engem Land opgewuess, dat vun senge Banke gelieft huet. Elo sti mir awer virun engem wirtschaftleche Wiessel, engem Wiessel dee net gewollt wor, mä ee Wiessel deen  zäitbedéngt komme misst. Eise Staat hätt misste sou oder sou eng Alternativ fannen, mä et goufe keng richteg Alternative fonnt an d'Wichtegkeet vun de Banke gouf ëmmer méi zu engem Gewiicht, vläit ass et elo schonns eng Laascht fir eis alleguer. Verschidde jonk Matbierger hunn hier Bedenken ausgeschwat a sech d'Fro gestallt wat no de Banke komme kéint an och do muss ee feststellen, datt d' Regéierungen eis keng konkret Äntwert geliwwert hunn. D' Regéierung ass eis do eng Äntwert schëlleg a mir als 'Vox  Populi - d'Fräiheetspartei' géifen et méi wéi begréisse, wann am Koalitiounsaccord  opmanst eng Iddi oder ee Plang  virhande wier, dee genee  beseet wat no de 'Banke' komme sollt. Wann d'Banke verschwannen a mir keng Alternative fannen, da kënne mir als Lëtzebuerg direkt apaken. Och am wirtschaftleche Beräich bleift d'Fro: Wou ass do déi sougenannte Solidaritéit fir déi kommend Generatiounen?

Renten- a Sozialwiesen spillen a sou engem Thema och eng zentral Roll. Vill jonk Matbierger stelle sech zu Recht d'Fro ob se eng méi kléng Pensioun/Rent kréien oder ob se souguer nach mat 80, 90 Joer schaffe musse? Och  hai stelle mir fest datt d' Regéierungen hier Hausaufgabe net gemaach hunn an virun dësem kruziale Punkt fortlafen an deene jonke Matbierger hier Perspektiven op ee gutt Liewen verklengeren. An dëser Thematik sollt endlech Kloerheet verschafft ginn. Déi zukünfteg Koalitioun soll sech net nëmme mat dëser Thematik befaasse, mä se huet d' Pflicht do no Äntwerten zu sichen. Mir bedaueren awer op der anerer Säit d' Desinteresse dat sech ënnert Verschiddene vun eiser Generatioun  virfënnt; mir bedaueren et, schliisslech si mir déijéineg déi vläit Pensiounen oder Renten oder  sonsteg Sozialtransfer als Luxus wäerten ugesinn.

Amerikanesch Verhältnisser wäerte net méi laang op sech waarde loossen an dëst gëllt och fir eis Bildung! Dank eise Gewerkschaften, muss elo un dat Gesetz vun de Bourse ronderëm gefréckelt ginn. Och do wier et besser, d'Bourse géifen iwwer d'Gemenge lafen a net méi iwwer de Staat an et sollt ee kucken wéi grouss d'Akommes vun den Elteren ass, jee gréisser et ass desto klenger sollt d'Bourse ginn! Jidderee soll d'Recht op ee Studium hunn a net nëmmen déi Räich. 

Sëcherheet op eise Strossen, eng Analyse vum Dane Kaufmann

Wa mir vun der Vox Populi vu Sëcherheet schwätzen, da schwätze mir net nëmme vun der Police oder Mossnamen géint d'Kriminalitéit, nee och d'Sëcherheet op eise Strossen ass een Thema datt eis immens wichteg erschéngt.
Mir vun der Vox Populi bemängele verschidde Saachen a schloen Verbesserungen vir, awer net de Bau vu méi Leitplanken wéi de Ministère ët virschléit, nee mir wëllen de Problem un der Wuerzel packen.

Fänke mir mol un mat de Velospisten an der Stad. Och d'Cyclisten sinn Leit déi um Verkéier deelhuelen a sech natierlech un all d'Regelen zu halen hunn, wéi een Autosfuerer oder Buschauffeur. Wa mir vu Cycliste schwätzen, da musse mir och vun de Velospisten an der Stad Lëtzebuerg schwätzen. Sinn d'Velospisten an derStad da  geféierlech oder net?
Kloer jo well, Velosweeër zu no bei der Stross oder direkt OP DER STROSS sinn an d'Autosfuerer immens steieren. Si sinn zu enk an deelweis weisen si schon Mängel op, zum Beispill feelen d'Beschrëftungen op verschiddene Plazen oder d'Strëcher déi d'Velosweeër vun der Stross trenne sollten feelen komplett. Autoen a Camionsfuerer kënne net sou gutt an der Stad oppassen, well d'Perspektiven (Hollerech-Gare) schlecht sinn an ët ass scho virkomm datt si een Velofuerer ëmgeheit hunn. An dono mussen mir och kucken fir aner Weeër zu fannen. Zum Beispill an de Bëscher, op de Felder asw. Do sollten d'Velospisten renovéiert ginn, well net jidderee fiert do mat engem Mountainbike. Pisten misst een besser ausbauen fir datt déi méi genotzt gi bei guddem Wieder. Weiderhin sollt ët och legal sinn mat sengem Velo um Trottoir zu fueren. Wéi dacks kritt een als kléngt Kand bei der coupe scolaire gesoot, ët sollte een op der Stross fueren, mä wier ët net besser fir mat sengem Velo um Trottoir zu fueren, well ët do manner geféierlech ass?

Camion op de Strossen:
D'Leit fillen sech gestéiert well d'Camionen durech d'Strossen fueren. Huele mir mol déi Stross 'rue de Differdange' zu Zolwer, amplaz een aneren Wee ze fueren z.b op 'collectrice du sud' fueren si d'Haptstross vun Zolwer erof an erop a blockéiere massiv de ganze Verkéier. Datt d'Police do hier Arbecht net mecht verstinn ech net, ët as guer net erlabt do duerch ze fueren. Si sinn iwwerdeems och eng Gefor fir d'Strosse, well d'Camionen mat hierem ganze Gewiicht Lächer an de Strosse maachen, déi wann ee mat sengem Auto net oppasst, Villes futti kënne maachen.

Amplaz iergendwou Leitplanken zu bauen, wier ët besser d'Beem duerch Hecken z'ersetzen oder se komplett vun de Säiten zu huelen. Natierlech verschéineren d'Beem eis Landesstrossen awer ët sollt een d'Unzuel vun den Doudesaffaren, déi an engem Baam gerannt sinn net ënnerschätzen. Vill Leit rennen zu séier dat stëmmt, awer ët kann een ëmmer einfach sou d'Kontroll vu sengem Won verléieren an dann kann dat ganz séier verlafen. Déi déck Beem niewend den Strossen, stellen also eng Liewensgefor fir eis duer, egal op mir elo rennen oder och net.

Eng aner Saach wier déi vun de Motorrieder. Wa Stau ass dann ass ët jo de Motorradsfuerer erlabt no vir zu goen. Ass dat awer net och geféierlech. Beispill ee Camionschauffeur gesäit datt ët matzen am Stau viru geet, hien entdéckt awer dee klenge Motorrad deen sech iwwerall duerchschlängelt net a kënnt op eng Kéier widert dem Motorrad. Natierlech kéint ee soen datt de Camionschauffeur oppasse sollt, mä wier ët net vu vireran besser gewierscht wann de Motorradsfuerer einfach an der Rei stoe bliwwe wier?

D'Police mecht vill Kontrollen, am Beräich Alkohol, Vitesse asw a mir begréissen dat Ganzt och. Eng kléng Kritik wier awer folgend:
Wier ët net besser wann eis Police net op 'offensichtleche' Plazen kontrolléiere géif, mä dacks mol op anere Plazen déi halt manner bekannt si fir eng héich Policepräsenz?

Ët gi nach vill aner Saachen, dat ass jo kloer, dëst wieren awer mol puer Ureegungen déi ët awer Wäert sinn, mol eng Kéier méi genee analyséiert zu ginn.

D'Wunnsituatioun zu Lëtzebuerg,
eng Analyse vum Generalsekretär Pol Urbany

Déi eng vun eis wuessen an engem klengen Appartement op. Aanerer an engem Reihenhaus. E puer Glécklecher dierfen an engem groussen Haus mat Gaart opwuessen, an deem suguer vielleicht eng Schwemm Plaz huet. Mä eppes verbënnt eis alleguerten. De Wonsch, enges Dags een eegend Doheem zu besëtzen. Ee Räich wéi mir ët eis ëmmer virgestallt hunn.
Ech wollt ëmmer een Haus mat engem riesege Gaart, well ech daat doheem nie haat.
Enges Dages méi ze hunn, wéi een ët als Kand gewinnt wor, dovun dreeme mir allegueren. Seng Dreem ausliewen zu kënnen an an engem Haus wunne kënnen, dat bei ee passt an an deem ee sech wuelfillt. Déi läscht Jorhonnerten duerch, huet een sech säin Haus gebaut. Wann een en anstännegen Beruf haat, wor daat kee Probleem.
A läschter Zäit gëtt bauen emmer méi onbeleift. Kaum Privatleit kënnen sech dee Schrëtt méi
leeschten.
Wier et dach bei deier Situatioun bliwwen....
Mä daat ass ët net. Fro ee jonke Mensch aus Lëtzebuerg ob hien enges Dages eng Kéier een Haus baue wëll. Hie wäert dir an d'Gesiicht laachen! Fro hien ob hien drun denkt eng Kéier een Haus zu besëtzen. Hie wäert ebenfalls laachen. D'Virstellung, enges Dages een eegend Haus zu besëtzen dat engem gefällt, ass fir de jonke Lëtzebuerger eng Utopie ginn!
Mat guddem Wëllen bréngt een ët vielleicht enges Dages zu engem Reihenhaus mat enger Traap déi direkt um Trottoir ophält a mat engem Balkon, de no hannen op enger Parkplaz ophält. Mä op een Eegenheem hin zu schaffen. Eppes Anstäneges. Eppes wou ee mat guddem Gewëssen aplënnere kann an net well näischt aneres do ass; wéi soll de jonke Lëtzebuerger et woen dovun zu dreemen.
Säit Joeren beobacht een wéi et biergof geet an parallel d'Präiser an d'Luucht klammen.
Wann een sech seng éischt Wunneng hëlt, dierf ee fir zwee schimmeleg Zëmmeren, bal 600 Euro bezuelen. E Präis woufir een an Däitschland een ordentlecht Appartement kritt.
Spéitstens dann verabschied sech de jonke Mensch vu sengen Dreem.
An hie stellt sech drop an, eiweg op deenen puer Quadratmeter hausen ze mussen. Oder, wat mei wahrscheinlech ass, fort zu plënneren.
Zu Diddeleng stoung virun enger Zäitchen een Haus am Verkaaf. Vu zwee Säiten ugebaut. Op der Récksäit wor e klenge Gaart, deen zum Niewenhaus gehéiert huet. D'Haus wor eng Këscht aus Betong mat zwee Stäck. Iwert 400'000 Euro wor de Präis.
Nee, daat ass kee Wahnsinn! Daat ass Lëtzebuerg!
Mir sinn e Land ginn an deem nëmme nach Dokteren a Kompanie kënnen uerdentlech wunnen. Glécklech déi Leit déi schon een Haus hunn.
Ouni Hoffnung, d'Aussichten vun de jonke Leit, fir déi ët méi praktesch ass, d'Gleck am Ausland ze plangen, wéi an hirer Heemecht eng uerdentlech Ënnerkonft zu fannen.
Mir vun der 'Vox Populi - d'Fräiheetspartei' sinn zu engem groussen Deel jonk Leit. A mir kennen déi Suergen an ët muss een Enn fannen. De Staat soll fir uerdentlech Wunnengen suergen, extra fir jonk Leit, déi wëllen op eegene Been stoen. De Staat sollt och eidelstoend Wunnengen opkaafen (zum Beispill an der Stad) an domadden eng direkt Konkurrenz zu den Immobilienhändler ginn, déi dann och gezwonge ginn d'Präisser erof zu setzen. De Staat setzt net op Profit, mä ëm d'Wuel vu senge jonke Bierger, fir datt si och hier Wunneng kréien. Ee weidere Punkt wier d'Aféierung vun enger Steier op eidelstoend Wunnengen, fir datt déi rechtlech eidel Wunnengen dann och verschwannen, andeems d'Konkurrenz d'Präisser nach méi rofdréckt an den Staat déi Suen fir déi uewegenannte Punkte verwende kéint.
Kleng. Propper. Finanzeierbar.

 

Dir wëllt Member ginn? Schéckt eis 5€ (Student), 8€ (Erwuessenen), bzw. 10€ (Koppel) op folgend Kontosnummer:

CCPL IBAN LU90 1111 7012 0589 0000

Fir ee Don zu maache braucht dir just 'Don' bei 'Communication' zu schreiwen.

Flag Counter

 
 
>