Flag Counter

Flag Counter

 
LGBT-Divisioun


De Pol Urbany ass den LGBT-Beoptrachten, wann dir Froen hutt dann mellt äerch per E-Mail op infovp@mail.com mam Betreff LGBT-Divisioun.

Hai ee puer Wierder zur LGBT-Divisioun:

En Homosexuelle stellt sech natierlech, wann et ëm Politik geet, ëmmer als éischt d'Fro, wéi eng Partei zur Homosexualitéit steet.

Op verschidde Leit wierkt dat vläicht iwwerdriwwen, ginn ët dach politesch Themen déi fir eis Gesellschaft méi wichteg sinn. Trotzdem versti mir vun der Vox Populi d'Bedenke vun den Homosexuellen, hu mir dach selwer méi wei een an eise Reihen. Mir verstinn firwat een Homosexuellen, deen fir d'éischte Kéier vun eis héiert, als éischt no engem Statement zur Homosexualitéit sicht. D'Léift ass den zentrale Beräich vun eisem Liewen. Essentiell Saache wéi Famill, Gebuergenheet an Ofsécherung sinn doru gebonnen. Ouni Léift fehlt engem Liewen eppes. An an engem Land liewen ze mussen an deem déi Form u Léift däer een ugehéiert als schlecht ugesinn, oder suguer verbueden ass, ass eng vun de schlëmmste Saachen déi engem Mënsch ka geschéien. Wei vill Schicksaler ët do wuel gouf? Am Nazi-Regime. Am Mëttelalter. Ënnert der Sharia. Milliounen tragesch Geschichten déi Bibliothéike kéinte fëllen. Vu Mënschen déi getrennt goufen, den Doud vum Partner hu missen erliewen, well aner Leit sech dru stéieren. An déi muechtlos woren dogéint. Deenen dat Léifst am Liewe geholl ginn ass.


Haut huet sech dat an engem klengen Deel vun der Welt geännert.
Mä d'Geschicht neigt dozou sech zu widderhuelen. Dofir liewen déi Homosexuell an der ständeger Angscht virun engem Kippe vun der Politik, wat si zeréck an d'Mëttelalter féiere kéint. Vill Menschen well eng Famill grënnen. Dofir gëtt eise Staat de Mënschen d'Méiglechkeet sech ze bestueden. D´Famill brauch de staatleche Schotz fir ongehënnert wuessen ze kennen.


Eng homosexuell Koppel déi net déi selwecht Rechter huet wei eng heterosexuell Koppel, wäert iergendwann op de Punkt kommen, wou hir Steng am Wee wäerte leien. Dofier seet Vox Populi JO, zur absoluter Gläichberechtegung vun alle Koppelen.


Natierlech wäerten elo Leit sech opreegen, an déi glorreich „Ehe“ an hirer gehellegter Stellung ugegraff gesinn. Och wann, no deem wat an de läschte Joere lass wor (mir schwätzen nëmmen vun der Scheedungsrat), net méi vill Hellegkeet iwwereg ka sinn, déi déi Homosexuell mat hirer Léift nach kéinte futti maachen. Mee dorunner soll et net leien. Mir vun der Vox Populi kënne gäeren op Begrëffer wei „Bestiedniss“ oder „Ehe“ verzichten, soulang déi Mënschen déi selwecht Méiglechkeeten hunn. An dozou gehéiert och d'Thema vun der Adoptioun. Ob ët fir ee Kand besser ass bei enger Mamm an engem Papp opzewuessen, oder bei enger homosexueller Koppel, dat sief dohigestallt. Awer eppes steet fest: All Doheem ass besser wéi an engem Heem opzewuessen. Och bei enger homosexueller Koppel kréien se Wäermt, Leift, ze Iessen, Kleedung, Spillsaachen, léiere liesen a rechnen. A selbstverständlech kënnt och bei esou ee Kand de Kleeschen. D'Vox Populi hëllt d'Suergen vun der homosexueller Bevölkerungsgrupp eescht. A selbstverständlech sinn se häerzlech invitéiert, sech bei Froen un eis Homosexuellendivisioun (LGBT) ze wenden, wou se hir Suergen a Wënsch kenne lass ginn, an och den een oder aanere Rot kréien.

 

Dir wëllt Member ginn? Schéckt eis 5€ (Student), 8€ (Erwuessenen), bzw. 10€ (Koppel) op folgend Kontosnummer:

CCPL IBAN LU90 1111 7012 0589 0000

Fir ee Don zu maache braucht dir just 'Don' bei 'Communication' zu schreiwen.

Flag Counter

 
 
>