Flag Counter

Flag Counter

 
Fuerderungen un déi nei Regierung

Lëtzebuerg, den 23. Oktober 2013

 

 

Betreff: Fuerderungen un déi nei Regierung

VOX POPULI  - d'Fräiheetspartei félicitéiert fir d'éischt mol alle Parteien, wéi och deenen zukünftegen Regierungsparteien an wënscht jidderengem natierlech eng gutt a kompetent parlamentaresch, bzw. ausserparlamentaresch Arbecht. Obwuel VOX POPULI - d'Fräiheetspartei bei dëse Wahle net deelgeholl huet, huet d'VP dennach eng Rëtsch Fuerderungen un déi nei Regierung ze maachen, onofhängeg dovunner wéi eng Parteien eng Koaltioun beschléisse wäerten.
Lëtzebuerg huet massiv Scholde gemaach an do gëllt et fir déi nei Regierung den Hiewel ze setzen, nämlech d'Scholden ze reduzéieren an een Budget am Equiliber ze präsentéieren, dat wier mol déi éischt Haptfuerderung.
Zweetens, wënsche mir eis als VOX POPULI - d'Fräiheetspartei, datt eis Wirtschaft ugekuerbelt gëtt an datt net nëmmen nei Arbechtsplazen erschaffe gi, mä datt eis Matbierger endlech eng Arbechtsplaz kréien. Obwuel ëmmer méi Arbechtsplazen krééiert ginn, stelle mir fest, datt d'Arbechtslosegkeet elo bei 7% läit.1
Eng weider Fuerderung wier, datt eis Wirtschaft differenzéierter sollt ginn, et soll een sech als nei Regierung eeschthaft d'Fro stellen 'wat wier wann eise Finanzsektor eng hefteg Kris erliewe géif?'
De Problem ass folgenden an zwar wier Lëtzebuerg op sou ee Kollaps vum Finanzsektor ganz einfach net virbereed wier, wou sinn dann déi aner Wirtschaftssektoren déi anscheinend obgebaut goufen?
Mir verlangen och datt alternativ Energiequellen a Betruecht gezu gi, wéi d'Kernfusioun, Hanf2 oder Ministaudämm3 déi no puer Joeren ausbezuelt wieren.
Den Index an de Mindestloun musse bleiwen, et ka net sinn datt de lëtzebuergesche Sozialmodell duerch verschidde Parteien a Fro gestallt gëtt. Hoffentlech wäert déi nei Regierung net vergiessen, datt wann een den Index forthëlt an de Mindestloun rofsetzt, d'Kafkraft an domadden och d'Wirtschaft vum Land rofgeet. Duerch eng kleng Kafkraft gëtt Lëtzebuerg och net grad lukrativ fir d'Firmen aus dem Ausland, en plus wäerten den Prozentsatz un Armut vill méi séier ropklammen, ouni Index a mat engem kléngeren Mindestloun.
Ee weidere Problem deen den lëtzebuergeschen Däiwelskrees nach kompletéiert wier dann deen vum Logement. D'Regierung soll net nëmme nei Wunnengen bauen, mä si sollt och aner Mesuren huelen, zum Beispill sollen eidelstoend Wunnengen taxéiert ginn, éischtens géif sech dat op eise Staatsbudget positiv auswierken, zweetens géifen d'Präisser am Wunnengsmarché rofgedréckt ginn; et hätt ee näischt mat enger Tax op eng eidelstoend Wunneng dobäigewonn an logescherweis well een dann dës Wunneng sou séier wéi méiglech lass ginn, och wann de Präiss méi kléng gëtt.
Eng aner Saach läit eis och nach um Häerzen an zwar wënsche mir eis, datt eis national Sprooch Lëtzebuergesch net nëmme gefördert gëtt, mä och méi an de Schoule geléiert gëtt. Lëtzebuergesch soll als Schoulfach eng gréisser Bedeitung zougeschriwwe kréien. Mir sinn och der Meenung, datt ee just Lëtzebuerger ka ginn, wann een eis Sprooch zimlech gutt schwätze kann (Grammaire ass dobäi eng aner Saach, si mir mol éierlech, eis eege Grammaire gëtt net genuch an de Schoulen ënnerricht). Fir op nationalem Plang iwwerhapt kënnen ze wielen, muss ee selbstverständlech Lëtzebuerger sinn; d'Auslännerwahlrecht lehne mir demno of, einfach aus deem Grond, wëll et net zu iergendenger Integratioun komme wäert. Jiddereen dee mengt datt ee mat engem Auslännerwahlrecht eng Integratioun vun den Auslänner fördere géif, ignoréiert déi aner divers Punkten, déi prinzipiell entscheedend fir eng gelongen Integratioun sinn (zum Beispill d'Beherrsche vun eiser Sprooch).
Wa mir schon vun der Demokratie hai zu Lëtzebuerg schwätzen, da revandiquéiere mir folgend Punkten: 1) D'Aféierung vun der direkter Demokratie nom Schwäizer Modell, 2) D'Ofschafe vun de 4 Wahlbezirker, et sollt nëmme nach een Wahlbezirk existéieren, 3) D'Ofschafe vum Wahlrecht, well et schlicht gesinn Duebbelmoral ass, datt een an engem demokratesche Staat gezwonge gëtt wielen ze goen.
VOX POPULI - d'Fräiheetspartei erhofft sech och datt et endlech zu enger Trennung vu Relioun a Staat komme wäert an datt Lëtzebuerg ee laizistesche Staat gëtt, mir wëlle net datt de Staat fir all eenzel Relioun oder Konfessioun opkënnt, ganz egal op et elo Chrëschtentum, Islam, Judentum oder Hinduismus ass; an enger moderner Zäit wéi haut, sollen d'Relioune sech w.e.g. selwer finanzéieren (awer net duerch Hëllef vun auslännesche Milliounespenden!)4.
Een anere Punkt deen eis wichteg erschéngt wier datt d'EU eis net ze vill kontrolléiere soll, d.h. Lëtzebuerg soll selwer nach ëmmer entscheeden wéi héich d'TVA si soll, op eis d'Waasser privatiséiert oder a öffentlecher Hand bleiwe soll (wat mir als VP iwwregens ënnerstetzen) oder op mir eis an engem ESM-Vertrag der Zwangsknechtschaft5 net an de Wee stellen. Dat sinn alles Themen, déi déifgrënneg analyséiert musse ginn MAM BIERGER a net ouni dem Bierger. Och Alternativen zum Euro dierfe keen Taboo sinn, wéi wier et zum Beispill mat engem Nord oder Südeuro, een Euro fir all eenzelnen Staat, national Währung kontrolléiert duerch eng effizient Zentralbank oder awer den Uschloss un enger anerer Währung (Pond, CHF, etc). Mir däerfen op kee Fall der Meenung sinn datt alles alternativlos wier a mir mussen alldäglech Saachen wéi den Euro oder d'Omnipräsenz vun der EU hannerfroen. Kritesch a mündeg Bierger sollen vun der neier Regierung net fir domm verkaf ginn an VOX POPULI - d'Fräiheetspartei erward sech datt opmanst puer Fuerderunge vun der neier Regierung erfëllt ginn.

 

 

 

1 http://www.lessentiel.lu/de/news/luxemburg/story/14812142
2 http://www.karo4tel.de/hanf/ENERGY.HTM
3 http://www.inna.at/mechatronik/mini-wasserkraftwerk-fur-kleine-flusse
4 http://www.lessentiel.lu/de/news/luxemburg/story/Mit-Spenden-aus-Katar-zur-eigenen-Moschee-27805015
5 http://www.youtube.com/watch?v=C0wFb2aL7U8

 


de Parteirod vu VOX POPULI - d'Fräiheetspartei
matgedeelt, den 23.Oktoberber 2013

 

2.Communiqué

Lëtzebuerg, den 25. September 2013

Betreff: Méi direkt Demokratie op lokalem a nationalem Niveau

U sech kann d'VOX POPULI - d'Fräiheetspartei den 'Budget participatif'1 deen an der Stad agefouert gouf begréissen an déi aner Gemengen a Stied hai am Land hätten och vläit all Intérêt ähnlech Projekter anzuféieren. Mir stellen eis awer och d'Fro a wéi wäit d'Kommentare vun de Matbierger berücksichtegt ginn a mir hoffen datt dëse ganze Projekt net nees 'Schönrederei' virun de Wahlen ass, mä an aller Seriösitéit konsequent duerchgezu gëtt. De partizipative Budget soll awer net dozou déngen d'Leit op aner Projekter (wéi zum Beispill den Tram, Hamilius oder nei Velosweeër matzen an der Stad) ëmzestëmmen, et sollt een de Leit och wierklech nolauschteren a net all Kritik direkt ofblocken oder am Forum läschen. Dofir maache mir nach een dréngenden Appell, datt de Stader Gemengerot d'Meenungs- a Riedefräiheet an aller Selbstverständlechkeet respektéiere muss.

Trotzdem, an dat ass de sprangende Punkt, geet eis dës Iddi net wäit genuch. Eng vun eise Käerfuerderungen (an och een vun eise Grënn firwat mir eis gegrënnt hunn2) ass d'Aféierung vun der direkter Demokratie nom Schwäizer Virbild. Diskussioune si schéin a gutt, awer et soll een de Leit och eng Méiglechkeet ginn aktiv matzebestëmmen wat si gutt oder schlecht fannen. D'Prozedur fir ee Referendum op lokalem oder nationalem Plang sollen also vereinfacht ginn. Kommentarer a Kritik si prinzipiell konstruktiv a bréngen och der Politik, wéi och der Gesellschaft eppes, an der Politik geet et awer nunmol net ëmmer drëms fir ze diskutéieren, mä an éischter Linn och fir Saachen duerchzezéien. Dofir wier et fir eis als VOX POPULI - d'Fräiheetspartei vu kruzialer Bedeitung, datt de Bierger net nëmmen diskutéieren 'dierf', mä och selwer Saachen duerchzéien dierf, iwwer de Wee vun engem Referendum.

 


de Parteirod vu VOX POPULI - d'Fräiheetspartei
matgedeelt, den 25.September 2013

 

1 http://news.rtl.lu/news/national/471832.html
2 http://www.mediafire.com/view/tflo7wlw7wxqs76/Gr%C3%ABnnerdokument+.pdf

 

1.Communiqué

Lëtzebuerg, den 13. Juli 2013

 

 

Betrëfft: Nei Leit, nei Partei, nei Chance fir Lëtzebuerg?

 

Déi jonk Partei Vox Populi - d'Fräiheetspartei (a.s.b.l.) huet sech an deene leschte Woche forméiert a besteet aus 7 Memberen (dorënner 2 Auslänner an 4 Lëtzebuerger mat engem Migratiounshannergrond) an a noer Zukunft och nach aus enger Auslänner- an LGBT-Divisioun. Fir den 13.Juli plangt dës nei Partei eng grouss Flyerverdeel- an Ënnerschrëftenaktioun queesch duerch d'ganz Stad Lëtzebuerg. D'Flyeren beinhalte puer vu villen zentralen Theme mat deene sech VOX POPULI beschäftege wëll an eventuell während dem Wahlkampf bei de Wieler punkte wëll, do hätt een d'Wirtschaft, d'Staatsscholden, Wunnengsbau, de Chômage, d'direkt Demokratie, erneierbar Energien, Innovatiounen, Fräiheet, d'Natur, d'Europäesch Unioun, Sëcherheet asw. Dës Grënnung ass net vun haut op muer geschitt, mä ët wor eng Grënnung déi zwanghaft a neideg wor, d'VOX POPULI loung zënter langem an der Loft an huet sech endlech konkretiséiert. Lëtzebuerg befënnt sech an enger Kris, ët läit kee Plang B vir fir eis Wirtschaft nees un zu kuerbelen, wat kënnt no de Banken, de Chômage klëmmt ëmmer méi an d'Luucht, mä eis Politiker ënnerhuelen näischt! D'Jugend huet ët ëmmer méi schwiereg eng Schaff oder eng Wunneng zu fannen, och eeler Leit hu Problemer am Beräich Wunnengsbau wéinst den aktuellen Präisser oder wéinst hieren onsëchere Schaffplazen, d'Europäesch Unioun gëtt ëmmer méi streng a beraubt eis, eis Fräiheeten an eis Souveränitéit (Regulariséierung vum Gardenubau1, d'Waasserprivatiséierung, d'Pläng vun engem 'United States of Europe'2), eis Demokratie schéngt um Enn zu sinn a Lëtzebuerg traut sech net ee Schrëtt no vir zu goen. Dëse Schrëtt wier d'Aféierung vun der direkter Demokratie! Lëtzebuerg huet keng kloer Linn an der Aussepolitik, mir ginn an Verträg (ESM zum Beispill) op onendlech verschriwwen a wie gëtt den Politiker iwwerhaapt dat moraltesch Recht ee Vollek op onendlech an engem Vertrag zu versetzen an och nach Milliarden u Scholden zu maachen déi mir déi Jonk an 10, 20 Joeren bezuele mussen, an d'Lëscht ass nach immens laang!

Endlech kënnt den langersehnten Daag vun der Ofrechnung!

Wéi een also op den éischte Bléck, ganz onmëssverständlech feststellen kann, sinn d'Problemer zu Lëtzebuerg grouss an ët ass endlech un der Zäit komm fir konkret eppes z'änneren, ët ass un der Zäit, datt eng Partei wéi VOX POPULI zum Liewen erweckt gouf, ët ass un der Zäit, datt d'Jugend endlech mobiliséiert gëtt an den IPhone kuerz ausgemaach gëtt, ët ass un der Zäit datt d'Bierger sech energesch mat Leiw a mat Liewen fir d'Zukunft vum Land asetzt, ët ass un der Zäit, datt endlech mol ee neie Wand duerch Lëtzebuerg bléist an déi verstëpste Strukturë mol opgewierbelt ginn!

Mir stinn virun enger Scheinwelt, déi oppoléiert a nei ugestrach gëtt, an de Medien, vun de jetzegen Alpolitiker a vun de Globalkapitalisten, awer hannert dëser Fassade verstoppe sech déi geeschteg Ruinen vun eiser Natioun. Nie wor d'Dekadenz an d'Ignoranz innerhalb eiser Bevölkerung sou grouss wéi haut an dat deet engem als oprechtege Bierger wéih!

Mir si mündeg Bierger an gesinn ët als eis Pflicht eppes un dëser Situatioun z'änneren an selwer Partei z'ergräifen. Ët sollt net heeschen 'Oh nee 't ass alles schlëmm, ët gëtt nëmmen schlëmmer', mä ët sollt éischter heeschen 'mir mussen eis elo engagéieren fir positiv Verännerungen zu bewierken'. D'Bierger kënnen eppes bewierken, wa si d'Stäerkt an de Wëllen hunn. Wa si sech opginn, sech falen lossen, ënnerginn, da bleiwt alles beim Alen, an d'Gesellschaft wäert just nach méi verelenden a verarmen, geeschteg a materialistesch gesinn. D'Bierger sollte sech bewosst ginn, datt eis Gedankewelt onendlech ass, a soubal mir zësummen d'Visualiséierung vun enger besserer Gesellschaft, engem besseren Staat hunn, dëst nëmme nach ëmsetze mussen a viru NÄISCHT Angscht mussen hunn. Näischt kënnt vum Himmel gefall, alles wat mir als Menschen, als Gesellschaft maachen ass d'Endprodukt vun eisen Taten, wie näischt mëcht, bewierkt och näischt a gëtt vun den Aneren ausgenotzt an ausgebeutet. Do soen mir Schluss! Schluss mam divide et impare a stop mat dëser Klientelpolitik. Mir wëllen ee Lëtzebuerg fir jiddereen a net nëmmen fir déi korrupt Deckpänz!

VOX POPULI wëll déi geeschteg Erneierung fir Lëtzebuerg sinn, VOX POPULI wëll sech vun deenen aneren Parteien ënnerscheeden a VOX POPULI wëll d'Partei vun der Jugend a vun den Zukunftsperspektive sinn. Eng Gemeinsamkeet déi mir alleguer hunn ass, datt mir Kanner vun dësem Planéite sinn, an als Kanner vun dëser schéiner Äerd ass ët eis Aufgab eis Äerd fir op aller Eiwegkeet zu beschützen an zu pflegen. Mir kënnen déi menschlech Feeleren aus der Vergangenheet ni méi behiewen, mir kënnen awer aktuell Feeleren opmanst stoppen! Zësumme si mir stark, awer getrennt kënne mir näischt bewierken. Déi al Sailen, déi al Fundamenter mussen duerch nei Sailen, nei Fundamenter ersaat ginn, déi prett sinn dës wichteg Aufgab z'iwwerhuelen an dëst starkt Gewicht op hier Schëlleren zu droen. Wann engem eppes net passt, da muss eeselwer aktiv ginn a säi Schicksal an d'Hand huelen. Wie sech dreiwe léisst zitt de Kierzeren a gëtt ausgenotzt, während d'Menschen mat guddem Wëllen an starker Entschlossenheet am Endeffekt nëmmen gewanne kënnen.

Dofir wëll VOX POPULI - d'Fräiheetspartei eng reel Alternativ zu den anere nationale Parteien sinn. Ganz Massen u Leit interesséiere sech net fir d'Politik an ëmgekéiert (an dat ass de sprangende Punkt) huet een d'Gefill wéi wann d'Politik sech net méi fir de Mënsch interesséiert. Feelentscheedungen an Onzufriddenheet präge ganz politesch Landschaften, national, wéi och am gréisseren Ausmoss international. Ët geet net duer Feelentscheedungen oder Problemer z'erkennen an z'analyséieren, mä et sollt een och konstruktiv Léisungen paratt halen an ëmmer ee Plang B hunn. An enger Gesellschaft ouni gréisser politesch Idealer wier ët natierlech vu Virdeel wann eng nei, dynamesch an altruistesch Partei déi al politesch Landschaft, mat neien Idealer, mat neien Iddien a mat neien Zieler, opmëscht. VOX POPULI - d'Fräiheetspartei soll déi pragmatesch, progressiv a rational Partei par exellence ginn, déi een Emdenken an een Wandel a sämtleche Beräicher erbäiruffe wëll. Et gëtt Zäit, datt al Iddien an al Geeschter duerch nei Virsätz ersaat ginn an datt d'Duebbelmoral endlech bekämpft gëtt an dëst wäert nëmme mat VOX POPULI méiglech sinn. Mir wëlle matzen am Vollek stoen an eis mat de jetzege Problemer befassen an zukünfteg Problemer verhënneren. D’Zukunft kann engem ëmmer nees Angscht bereeden, mä wann een awer gutt fir d’Zukunft virsuergt, dann ass een op der gewonnener Säit, a genee do wëlle mir hin. Wéi ee Phoenix aus den Äsche soll Lëtzebuerg nees operstoen an operwaachen, ob am wirtschaftlechen, am sozialen oder awer am aussepolitesche Beräich. Lëtzebuerg braucht eng Regeneratioun vun sämtleche Feeldecisiounen an eng Renaissance iwwerall do wou ët méiglech ass. Mir wëllen Lëtzebuerg opbauen an dofir losst eis dëse Satz mat folgende Wierder ofschléissen:

Arbecht - Fortschrëtt - Wuelstand

de Parteirod vu VOX POPULI - d'Fräiheetspartei
matgedeelt, den 13.Juli 2013

 

Dir wëllt Member ginn? Schéckt eis 5€ (Student), 8€ (Erwuessenen), bzw. 10€ (Koppel) op folgend Kontosnummer:

CCPL IBAN LU90 1111 7012 0589 0000

Fir ee Don zu maache braucht dir just 'Don' bei 'Communication' zu schreiwen.

Flag Counter

 
 
>