Flag Counter

Flag Counter

 
VOX POPULI - d'Fräiheetspartei

Selbstdefinitioun+Zësummefaassung vum Programm

Vox Populi gesäit sech als pragmatesch Partei un. Mir passen eis der jeeweileger Situatioun un. Mir wëllen konstruktiv Léisunge virschloen déi den Ament verlaangt ginn.

Mir sinn EU-skeptesch a mir si fir een Fräihandelsofkommes an engem Europa vun de Natiounen a géint eng Diktatur vu Bréissel.

Gläichzäiteg setze mir eis voll a ganz fir eng echt Gläichberechtegung vu Mann a Fra, souwéi vun Heterosexuellen an Homosexuellen an. Mir stinn als Fräiheetspartei natierlech fir d'Fräiheet an a verlaangen zum Beispill méi Souveränitéit, d'Legaliséierung vu Cannabis a vum Homo-Bestietnis. Mir setzen eis fir innovativ Iddien a nei Technologien an (Fusiounskraftwierker, Anti-Waasserstoff, asw). Weiderhi si mir fir d'Aféierung vun der direkter Demokratie, nom Schwäizer Virbild.

-Bannepolitik - direkt Demokratie, méi Fräiheet, Bekämpfung vun der Kriminalitéit/Nepotismus/Duebelmoral, méi op Präventioun setzen, géint déi politesch Korrektheet, nemo est supra leges, Trennung vu Relioun a Staat.
-Baussepolitik - fir een Europa vun de Natiounen, Repositionéierung vu Lëtzebuerg par rapport zu de grousse Länner (USA, Russland, China, Indien, Brasilien,...), Kooperatioun mat de BRICS-Länner, neutral Haltung am Syrie-Konflikt.
-Wirtschafts-, Finanz- an Haushaltspolitik - fir ee Budget am Equiliber, Alternativen zum Euro, Alternativen zum Finanzsektor, Investissementer a neien Technologien (Fusiounskraftwierker, Anti-Waasserstoff,...), Aféierung vu liberalen Zonen, Kooperatioun Bauer-Imker, Legaliséierung vun Hanf/Cannabis.
-Kultur an Tourismus - Förderung vun der Lëtzebuergescher Sproch, Stäerkung vun der Englescher Sproch, d'Konservéiere vun alen Denkmäler, Schafung vu neien Touristenzieler, bekannt Filmer öfters op Lëtzebuergesch synchroniséieren.
-Gesondheet - fir de medizinesche Gebrauch vu Cannabis, keen totale Fëmmverbuet, Toxicomanen däerfe just eng Kéier réckfälleg ginn, fir d'Euthanasie, fir d'Ofdreiwung (awer net onageschränkt), besser Betreiung fir eeler Matbierger.
-Wunnengsbau - Aféierung vun enger Steier op eidel Wunnengen, Bau vu staatlechen Bëllegappartementer fir Jonker/Aarmer /Chômeuren, Staat soll am Wunnengsmaart Konkurrenz zu private Promoteure ginn.
-Bildung -Studieboursë sollen iwwer d'Gemenge lafen, Réckaféierung vum Punktesystem, méi Englesch, Lëtzebuergesch als Haaptfach, gréissere Choix bei de Sproochen, fir d'Bäibehale vun de Sektiounen, ee Cours wou ee léiert wéi een eng Demande/een offizielle Bréif asw schreift, Schafung vu Mastercoursen an de Wëssenschaften op der Universitéit zu Lëtzebuerg.
-Sozialpolitik - fir méi Schutz vun der Privatsphär, Dateschut, Bäibehale vum Index als Garant vum soziale Frieden, Upassung vun de Renten/Pensiounen an anere Sozialtransferen, méi séier a méi flexibel Administratioun, fir eng echt Gläichberechtegung vu Mann a Fra/vun Homosexuellen an Heterosexuellen, Elektrizitéit/Waasser/Gas a staatlecher Hand.
-Familljen a Jugend - Famill als Keimzell vun der Gesellschaft, Léift als Garant vun de Familljen, Mammen-/Papperent, sozial Präisser am Wunnengsmaart, Förderung vu Jugendhaiser, keen Ausloosse vu den Indextranchen, Wahlrecht ab 16, Förderung vu Talenter.
-Ëmwelt - Fir erneierbar Energien, fir d'Ofschafung vun der Wanterzäit, fir ee reduzéierte Konsum vu Petrol, fir déi gesetzlech Trennung vu Saachen an Déieren, Förderung vun Déiererechter, Schutz vu Flora a Fauna.
-Transport - Fir een Null-Tarif am öffentlechen Transport, fir ee Monorail, fir den Trolleybus, fir méi Vëlosweeër am Land a manner an der Stad, géint de Plang Mobil2020, fir ee Peage op den Autobunnen/oder eng Vignette, fir den RER, fir sozial Taxispräisser, déck Beem sollen duerch Leitplanken oder Hecken ersat ginn
De Flyer

Dëst ass de Flyer dee mir verdeelen

 

Dir wëllt Member ginn? Schéckt eis 5€ (Student), 8€ (Erwuessenen), bzw. 10€ (Koppel) op folgend Kontosnummer:

CCPL IBAN LU90 1111 7012 0589 0000

Fir ee Don zu maache braucht dir just 'Don' bei 'Communication' zu schreiwen.

Flag Counter

 
 
>